Wou d´Uelzécht durech d´Wisen zéit, duerch d´Fielsen d´Sauer brécht, Wou d´Rief laanscht d´Musel dofteg bléit, den Himmel Wäin ons mécht - dat as onst Land, fir dat mer géif
hei nidden alles won. |: Onst Heemechtsland, dat mir so déif An onsen Hierzer dron. :|
An sengem donkle Bëscherkranz, Vum Fridde stëll bewaacht, Sou ouni Pronk an deire Glanz Gemittlech léif et laacht; Säi Vollek frou sech soë kann, An ´t si keng eidel Dreem: |: Wéi wunnt et sech sou heemlech dran, wéi as ´t sou gutt doheem! :|
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall Der Äerd, déi äis gedron; D´Léift huet en treie Widderhall a jidder Broscht gedon; Fir d´Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt, |: gräift äis an d´ Séil wéi Himmelstéin an d´A wéi Feier blénkt. :|
O Du do uewen, deem seng Hand duerch d´Welt d´Natioune leet, Behitt Du d´Lëtzebuerger Land vru friemem Joch a Leed! Du hues ons all als Kanner schonn de fräie Geescht jo ginn. |: Looss virublénken d´Fräiheetssonn, déi mir so laang gesinn! :|